arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Virfäll an Dummeldenger Schoul: Formatiounen an Opstocke vum Personal

Educatioun

|
headphones

1 min

No Virfäll an Dummeldenger Schoul: Formatiounen an Opstocke vum Personal

Den Educatiounsministère huet op déi rezent Virfäll an der Primärschoul zu Dummeldeng reagéiert. Mëtt Januar hat d‘Elterevertriedung do eng Petitioun lancéiert wéinst gewalttätege Kanner, déi den Unterrecht géife perturbéieren an d‘Kanner an d‘Léierpersonal géifen tyranniséieren.

headphones

1 min

Vum 15.09 un ass Rentrée an der Schoul | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR erkläert den Educatiounsminister, datt elo eng Rëtsch Mesuren agefouert goufe fir d‘Situatioun ze berouegen.

Dat ganzt Léier- an Erzéiungspersonal hëlt u Formatioune fir Deseskalatiounstechniken a Klassemanagement deel. Bei all Tëschefall am Zesummenhang mat Aggressioun, Gewalt oder enger schwéierer Stéierung vum Schoulalldag, ginn d’Elteren direkt a proaktiv informéiert.

Méi Support fir betraffe Schüler:innen

An der Schoul ass och elo systematesch e qualifizéierte Schoulpsycholog present an et gouf eng Educatrice graduée zur Verfügung gestallt, déi sech mat de betraffene Kanner beschäftegt.

D‘Stonnen, déi fir d’Interventioun vun engem spezialiséierten Enseignant fir Kanner mat spezifesche Besoine virgesi sinn, goufen eropgesat an en huet en Assistent bäikritt. Donieft goufen zwee zousätzlechen Enseignantsposte geschaf.