Bei enger Entrevue mat sengem chineeseschen Homolog Xi Jingping wëllt de russesche Staatschef iwwer Méiglechkeete fir eng „weider Stäerkung vun hirer Partnerschaft an der strategescher Zesummenaarbecht“ tëschent béide Länner schwätzen, esou eng Erklärung vum Kreml.
D’Presidente Putin a Xi géife sech iwwer hier Standpunkten zu de wichtegen internationale Sujeten austauschen an duerno eng gemeinsam Erklärung ënnerschreiwen.
Iwwerdeems wier och een Treffe mam chineesesche Premierminister Li Qiang geplangt.
Peking gesäit Moskau als ee Partner bei der Gestaltung vun enger neier multipolarer, postwestlescher Weltuerdnung.
China gëllt weltwäit als dee gréissten Importateur vu fossille Brennstoffer aus Russland.