De franséische President Emmanuel Macron huet d‘Attack gëschter verurteelt an ugekënnegt: Frankräich géif der Ukrain weider Ofwier-Rakéite liwweren.
Nieft de 16 Doudesaffer wieren 130 Leit bei de russeschen Attacke blesséiert ginn, esou déi ukrainesch Autoritéiten. Wéi et heescht, hätt Russland déi zweet Dronen-Attack lancéiert wéi d‘Rettungsekippe schonn op der Plaz waren.
Si siche weider no Iwwerliewenden ënner de Ruine vum Akafszenter.