A senger Begrënnung hat de Conseil constitutionnel argumentéiert, datt dat franséischt Gesetz direkt op e puer Plaze géint Grondprinzippie verstéisst.
Gesetz war ze generell a vague
E generellt Verbuet vu sozialen Netzwierker wier net nëmmen eng Aschränkung vun der Riedefräiheet, mee d’Altersverifizéierung géing och an d’Privatsphär agräifen.
Datt de Conseil constitutionnel d’Gesetz also gekippt huet war fir de Jurist Valère Ndior keng Iwwerraschung, well d’Gesetz vill ze generell a vague war an net emol kloer definéiert huet, wat als soziaalt Netzwierk zielt.
D’Regierung wëllt elo séier d’Gesetz iwwerschaffen. De Valère Ndior ass awer skeptesch, wéi dat gelénge soll, well een och déi europäesch Richtlinne vum Digital Services Act respektéiere muss, déi e generellt Verbuet net zouloossen.
Erklärunge vum Conseil kënnen als Leedfuedem genotzt ginn
Fir d’Affekotin Virginie Bensoussan-Brulé ass de Verdikt vun der Cour awer keng Ofso un de Schutz vu Mannerjäregen, au contraire. D’Begrënnung wier villméi e Leetfuedem fir d’Regierung beim Iwwerschaffe vum Gesetz. D’EU-Kommissioun wëllt och en europäesche Kader fir Restriktiounen a Verbueter schafen. D’Affekotin gesäit hei am Detail awer grouss Erausfuerderungen – besonnesch bei der Iwwerpréiwung vum Alter.
D’Handysverbuet am Lycée ass zwar beschlosse Saach, vill Froe bleiwen awer nach onbeäntwert, wéi de Valère Ndior erkläert.
Wat geschitt mat de Smartphones? Wou gi se stockéiert? Wien dréit d’Responsabilitéit, wann en Handy beschiedegt oder geklaut gëtt?
Opklärung als wichtegen Deel vum Verbuet
Nieft esou Mesurë wier et awer och wichteg, déi Jonk besser iwwer d’Gefore vu Smartphones a sozialen Netzwierker opzeklären, esou d’Virginie Bensoussan-Brulé. Soss wieren esou Moossname sënnlos, wann déi Jonk mat 18 dann e vollen Zougrëff hunn an net wëssen, firwat d’Verbuet iwwerhaapt en place war.
Wann de President Emmanuel Macron e Verbuet nach wëllt ëmsetzen, muss d’Regierung elo op de Gas drécken. Am Abrëll geet dem Macron seng Amtszäit nämlech op en Enn.