arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nohaltegkeet, KI a sexuell Erzéiung sollen a bestoend Coursen integréiert ginn

Educatioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nohaltegkeet, KI a sexuell Erzéiung sollen a bestoend Coursen integréiert ginn

Am Enseignement fondamental sollen an Zukunft verschidden Themen, wéi nohalteg Entwécklung, kënschtlech Intelligenz a sexuell an affektiv Erzéiung, obligatoresch ginn. Am neie Léierplang ass virgesinn, datt dës Theemen op eng transversal Manéier integréiert ginn, esou den Educatiounsminister.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

De Claude Meisch huet um Freideg déi éischt grouss Revisioun vum plan d’études zanter ronn 15 Joer presentéiert. An Zukunft sollen déi nei Theemen op eng transversal Manéier an d’Kueren integréiert solle ginn.

Keng nei Schoulfächer

Insgesamt siwen Theme solle vum September u méi systematesch behandelt ginn, dorënner och Kultur, Gesondheet, Mënscherechter, Ekonomie a Medien. Dofir sollen awer keng nei Schoulfächer geschafe ginn, mee dës Sujete sollen an déi bestoend Fächer mat integréiert ginn.

De Sujet Wirtschaft a Finanze kéint deemno och an de Mathéscoursen an d’Education sexuelle am Biologie-Cours traitéiert ginn. Bis de Cycle 4 sollen an insgesamt 36 Schoulstonne pro Joer dës siwen Theemen behandelt ginn.

“Nei Akzenter setzen”

Um bestoenden Horaire gouf deemno näischt geännert, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

“Mir bleiwe bei Kompetenzsockelen, déi och bewäert ginn. Mir bleiwe bei den Evaluatiounsprinzippien, wéi mir se kennen. Mir bleiwen och bei Stonnepläng, well mir eeben net wëllen, datt mir elo do eng Revolutioun, wat strukturell an de Fonctionnement vun der Schoul ubelaangt, wëlle lass trëppelen. Nee, mir wëlle virun allem inhaltlech nei Akzenter setzen.”

Aktuell géif een nach fir all Beräich un engem Dossier schaffen, an deem déi genee Zilsetzunge festgehale sinn. Dës soll d’Léierpersonal nach bis d’Akraafttriede vum Léierplang kréien.

Vun der Rentrée un ass et dann um Léierpersonal, festzehalen, a wéi engem Fach si wéi een transversale Sujet thematiséiert hunn, erkläert den Direkter vum SCRIPT Luc Weis.

“D'Enseignanten dokumentéieren am Bilan intermediaire, a wéi engem Trimester si u wéi engem Theema geschafft hunn. (...) datt si dat kënnen am Bilansgespréich opgräifen an datt dat kann diskutéiert ginn an och kann dat an deem Sënn doduerch valoriséiert ginn. Esou kann och gewise ginn, wéi wichteg et ass eeben iwwert déi doten Theemen an der Schoul och ze schwätzen.”

De Ministère bitt dem Léierpersonal iwwer déi nächste Méint Informatiounsversammlungen un, fir den neie Léierplang virzestellen.

Als nächst géif een da mat dem Ausschaffe vun engem neie Plan d’études fir de Secondaire ufänken, esou nach den Educatiounsminister Claude Meisch.

play_arrow Lauschteren