Am Massestart gëtt bei den Häre 15 Kilometer gelaf a véiermol geschoss, zweemol am Leien an zweemol am Stoen. De Massestart ass nom Eenzel, dem Sprint an der Poursuite déi véiert Individualdisziplin. Zënter de Spiller vun Turin 2006 ass si olympesch. Beim Massestart ginn 30 Sportler zesummen un den Depart.
Wie geet un den Depart?
Op Olympesche Wanterspiller sinn am Massestart déi Athleete sécher dobäi, déi bis dohi schonn eng Medail gewonnen hunn. 15 weider Plaze ginn op Grond vum aktuelle Klassement am Weltcup verginn, an déi lescht Plaze ginn un déi bescht Athleeten, déi bis dato nach keng Medail kruten.
Geschoss gëtt mat Klengkalibergewierer, déi normalerweis tëschent 3,8 a 4,5 Kilo hunn. Nieft dem Gewier muss de Sportler seng Munitioun dobäi hunn.
Sollt op eemol Wand opkommen, kann een dat mat engem Riedchen ausgläichen, un deem een dréie kann. Geschoss gëtt op allkéiers fënnef Scheiwen, déi 50 Meter ewech sinn.
Nom Lafe gëtt geschoss
Beim Leien hunn dës Scheiwen en Duerchmiesser vu 4,5 Zentimeter a beim Stoen ee vun 11,5. Ass déi schwaarz Scheif genuch getraff, da geet e wäissen Deckel zou.
Déi Athleeten, déi eng Scheif net prezis genuch treffen oder dolaanscht schéissen, mussen eng Strofronn vun 150 Meeter lafen. D’Konscht beim Schéissen ass et, de Bols nom Lafen esou erofzekréien, datt ee gutt zile kann.
Op engem Steen aus dem Joer 1050, deen an Norwege fonnt gouf, war schonn d’Illustratioun vun engem Mann drop, dee mat Feil a Bou an op Schier jot.
Huet et domat ze dinn, datt Norwegen eng, wann net déi Haaptnatioun am Biathlon ass? Hir Sportler:inne sinn haut op alle Fall nees ënner de Medailefavoritten, nieft Fransousen a Schweden.