Nom Verwaltungsgeriicht gëtt och d'Cour administrativ zwee Heescherten Onrecht
D’Verwaltungsgeriicht huet nämlech viru 5 Deeg och an zweeter Instanz fonnt, dass déi zwee keen “intérêt à agir” hätten, an hir Recoursen irrecevabel erkläert. Dat geet aus de schrëftlechen Uerteeler ervir, déi elo virleien.
D’Heescherten hate géint eng Decisioun vum Inneminister Léon Gloden vun Dezember 2023 geklot. Dee Moment hat den CSV-Politiker de Refus vu senger LSAP-Virgängerin Taina Bofferding vum Verbuet vun all Form vun Heeschen an der Stad gekippt.
Den Inneministère hat gëschter Mëtten an engem Communiqué geschriwwen, et géif een dës Urteeler zur Kenntnis huelen.