D’Nora Koenig ass virun allem am Theater aktiv, mee de Film tentéiert si awer och, an donieft eben och hir Aarbecht als Enseignante am Conservatoire, wou si un engem ganz intressante Projet matschafft wou viru kuerzem nach eng Opféierung am TNL war mam Titel “The Empty Space”.
De Projet “Perspectives”
Am Stater Conservatoire gëtt et eng Klass déi vun dräi Enseignante geleet gëtt, vum Pascal Schumacher, vum Francesco Tristano an ebe vun der Nora Koenig. D’Iddi vun deem Projet “Perspectives”, datt eng Klass entsteet, déi Schauspiller, Museker am beschte Fall och Dänzer zesumme bréngt. Well et jo ëmmer méi an Direktioun vun interdisziplinäre Projete geet, an domadder kann een deene Jonken och scho mat an déi Welt huelen. A genee dat mécht ebe Loscht ze experimentéieren, fir déi jonk Schüler, mee awer och fir Enseignanten.
"Dat war esou eng Iddi, fir et scho méi fréi an ze féieren, fir och de Jugendlechen ze weisen, well jo am Conservatoire souwisou schonn alles an engem Gebai ass, firwat net, emol mateneen ze schaffen an ze kucke wat mécht deen een, wat mécht deen aneren, wéi kréie mer Projeten zesummen a wéi profitéiert een vun deem aneren."
Am héijen Norde vun Däitschland
D’Nora Koenig huet hir Schauspillformatioun zu Kiel, eben uewen am Norde vun Däitschland gemaach. Mee datt si op Kiel gaangen ass war éischter en Zoufall, wéi et der ebe vill am Liewe ginn. Mee Kiel awer och, well déi Schauspillschoul zu Kiel d’Méiglechkeet gebueden huet, de Schauspillstudium ouni Opnamexamen un ze fänken.
"Datt een einfach emol an déi Fächer era klëmmt a si hunn dono, no dräi Méint en Opnamexame gemaach, wat ech intressant fonnt hunn, well ech awer ëmmer wollt kucken, wat ass dat dann a wier dat dann iwwerhaapt eppes fir mech, an, an, an. An dunn hunn ech gemierkt ‚dat ass eppes fir mech‘ a se hu mech och geholl. An ech muss gestoen, vläicht war et Faulheet, mee Kiel huet mer esou gutt gefall. Dat ass keng esou eng schéi Stad, mee dat direkt um Mier am Summer, mee deen Norden dat war einfach fir mech, vläicht ginn ech och nach emol dohinner zeréck."
Dräi Méint Schnupperen
Dréi Méint hat d’Nora Koenig also zu Kiel Zäit fir sech mat dem Schauspillstudium auserneen ze setzen, och wa vun Ufank un nawell seriö an zolidd geschafft gouf an et hat een och schonn all d’Fächer, mee et hat een Zäit fir sech, souzesoen, nach selwer ze fannen.
"Mee wat ech intressant fonnt hunn, si haten dono e Gespréich an et sinn och do déi gesot hunn: Merci, mee dat do ass awer näischt. Oder se krute gesot: Mir mengen net. Fir mech war et einfach esou datt ech gemierkt hunn, ausser datt ech Lëtzebuergerin war an ebe mäin Accent mat der Sprooch eigentlech ëmmer gehadert hunn, wat dat awer fir mech esou datt ech geduecht hunn, dat do dat ass et."
Nieft dem Studium dat privat Gléck
D’Nora Koenig huet natierlech wärend hirem Studium vill Leit kennegeléiert an si huet esou guer, wéi se selwer seet, ee mat op Lëtzebuerg bruecht. D’Nora Koenig huet hire Mann Nickel Bösenberg wärend hirer Zäit zu Kiel kenne geléiert, hien dee selwer och Schauspiller ass.
"Mir hunn eis an der Schauspillschoul kenne geléiert, mä hie war grad fäerdeg an ech hunn ugefaangen, et war e gudden Timing."
An et ass och flott als Koppel kënnen zesummen ze spillen.
"Et gesäit ee sech dann emol méi oft, esou maache mer ëmmer de Geck, Mee dat ass awer esou, soss geet deen een do prouwen an deen aneren do, an esou prouft een dann emol zesummen."
Mer sinn en Team
D’Nora Koenig huet d’Gefill wéi wann si an de Nickel Bösenberg als Schauspiller e gutt agespillten Team sinn, an dat huet sécher domadder ze dinn datt si zwee sech scho 25 Joer kennen an do ass ee sécher schonn agespillt.
"Do weess ee wéi een deen aneren, dann eben ze paken huet. An et ass jo nach guer net esou laang hir do hu mer an der Winterreise am groussen Theater, an do hate mer scho laang net zesumme geschafft. Dohu wierklech erëm gemierkt, mer sinn awer en Team. Dat war schéin."
Vun der Theaterbün op d’Bün vum Liewen
Op der Theaterbün sinn d’Nora Koenig an de Nickel Bösenberg en Team, an doheem bréngen si et och fäerdeg den Theater net iwwerhand huelen ze loossen, a wann se dat net fäerdeg géife bréngen, da géifen hir Kanner hinne scho soe wou d’Realitéit ass an et ass et am Alldag ukomm, mat all den Doleancen a Problemer.
"Absolut! Wat gëtt et ze iessen? Du nervs! Wou ass méi Pullover? An, an, an! (...) Dass warscheinlech iwwerall d’selwecht."