An domat och mat all eenzelnem Assuré, soen d’Vertrieder vun de Gewerkschaften. Der Regierung geheien si iwwerdeems Passivitéit an dem Dossier fir.
“Ëffentleche Gesondheetssystem muss verteidegt ginn”
Datt d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun (AMMD) d’Konventioun mat der CNS net ënnerschreift an et elo op eng Mediatioun a méiglecherweis e Règlement grand-ducal erausleeft, wier fir d’Gewerkschaften eng Bomm, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back. Et géif een alles ënnerhuelen, fir de staarken, ëffentleche Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ze verteidegen.
“Mir loossen et net zou, datt mer zu engem Ausverkaf, enger Liberaliséierung vun eiser Gesondheetsversuergung kommen. Mir loossen et net zou, datt mer zu enger Zwou-Klasse-Medezin kommen, wou deen, deen d'Moyenen huet, gutt versuergt ka ginn an deen, dee sech et net méi ka leeschten, dann e bësse manner oder guer net méi gutt seng Gesondheetsversuergung kritt.”
AMMD géif Grondprinzip a Fro stellen
Hei géif et net ëm eng Moderniséierung vum System goen, wéi d’Dokteren et argumentéieren, esou den LCGB-Vertrieder Christophe Knebeler. Vill méi géif en Demontage vun der Lëtzebuerger Gesondheetsversuergung droen. Den obligatoreschen an automatesche Konventionnement wier nämlech d'Häerzstéck vun der Gesondheetsversécherung, esou de Christophe Knebeler.
“Dozou gehéiert un éischter Stell, datt all Dokter d'Nomenclature-Tariffer anhale muss. De selwechten Tarif fir kloer definéiert Gesondheetsleeschtunge mat engem identesche Remboursement fir all Assuré. Et ass dëst Kärelement vun onser Gesondheetsversécherung, de Garant fir eng sozial gerecht Gesondheetsversuergung, wou all Assuré dee selwechten Zougang zu Gesondheetsleeschtungen huet, an dat onofhängeg vum Akommes.”
A genee dëse fundamentale Grondprinzip géif d’AMMD a Fro stellen. Ouni Konventioun géife vill Punkten nämlech onkloer bleiwen, esou de Christophe Knebeler. Vu datt een déi Situatioun nach ni gehat hätt, datt d’Konventioun duerch e Règlement grand-ducal muss ersat ginn, hätt een och keng Garantien, a wéi wäit esou e Reglement déi aktuell Dispositioune kéint ofdecken, esou den LCGB-Vertrieder.
D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB huet d’Regierung dowéinst opgefuerdert, alles ze ënnerhuelen, fir datt d’Konventioun tëschent den Dokteren an der CNS awer nach ënnerschriwwe gëtt. D’Gewerkschaften hunn och ugekënnegt, elo eng grouss Informatiounscampagne fir d’Assuréen ze lancéieren.
AMMD-President am 100,7-Interview
Zum Theema hat den AMMD-President Chris Roller am 100,7-Interview scho Stellung geholl. Hie betount, datt och ouni Konventioun fir d'Assuréeën näischt ännere géing, an de Règlement grad-ducal ganz wahrscheinlech den Text vun der aler Konvention iwwerhuele wäert.