arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Obligatoresche Militärdéngscht "bréngt näischt", seet den neien Arméichef

Arméi

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Obligatoresche Militärdéngscht "bréngt näischt", seet den neien Arméichef

Zënter Ufank dës Mounts ass de Generol Claude Robinet den neien Arméichef. Hien ass domat un der Spëtzt vun enger Arméi, déi wiisst, méi Sue kann ausginn a sech moderniséiert. Mee kann dee Wuesstem iwwerhaapt gestemmt ginn?

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
De Claude Robinet | © Radio 100,7
De Claude Robinet (Foto: Radio 100,7)

D’Militärdepensë klammen, d’Infrastruktur gëtt moderniséiert an neit Personal agestallt: Op d’Arméi waarden intensiv Méint a Joren. Effektiv wier et een Defi, dat alles ënner een Hutt ze kréien, gëtt de Claude Robinet zou.

Dobäi komme verschidden Zilsetzunge vun der NATO: Dat binationaalt Batallioun mat der Belsch zielt dozou. Mee et wier ee gutt ënnerwee, betount de Generol. Och a Saache Loftofwiersystemer.

Nei Kompetenzen a Profiller si gefrot

Déi gréisst Erausfuerderung fir d'Arméi bleift awer déi, genuch Leit ze fannen. Virun allem spezialiséiert Leit. An dat an engem zäitlech limitéierte Kader. Dat wier “sportlech”, seet de Claude Robinet.

Eng vun de Käraufgabe vun der Lëtzebuerger Arméi ass d’Opklärung. Dës Unitéit entwéckelt sech awer elo virun: Et geet ee vun enger liichter op eng mëttelschwéier Opklärung. Dat bedeit zum Beispill, datt een nei Waffesystemer léiere muss. 

Dobäi kommen nach eng Rëtsch aner Aufgaben.

“Well mir eis méi breet opstellen hu mir zum Beispill méi an d’Loft, Cyber a Space. Do sinn natierlech ganz aner Kompetenzen, Profiller gefrot. Vill méi technescht Personal gëtt gefrot an Zukunft.” 

Fir dat Personal auszebilden gräift een dacks op alliéiert Arméien zeréck, preziséiert de Claude Robinet. Eng aner Pist ass et Leit ze rekrutéieren, déi mat spezialiséierte Kompetenze vun de Schoule kommen. Ee Beispill ass de ganze Beräich vun der Informatik.

Weider bleift nach déi klassesch Pist iwwer d’Offizéierschoul.

Recrutement leeft aktuell gutt, och bei den normalen Zaldoten

Lo ass d’Arméi natierlech net den eenzege Patron, deen no esou Profiller sicht. De Claude Robinet weist sech awer optimistesch, datt ee genuch Leit fënnt. 

“Ech ginn dovun aus, datt mir eise Plan de Recrutement ëmgesat kréien. Dat ass eng Hypothèse de départ a vun do aus baue mir dat Ganzt op.”

Fir dëst Joer wäert een d’Recrutementsziler erreechen.

Och de Recrutement vun den normalen Zaldotinnen an Zaldote leeft gutt, seet den neien Arméischef. Am Hierscht wier d’Selektioun esou grouss gewiescht, datt een net jidderee konnt ophuelen. 

U wat dee positiven Trend läit, kann de Claude Robinet net genee soen. Hie mengt awer, datt déi besser Bezuelung ee Facteur kéint sinn, an awer och déi méi héich Aarbechtslosequot.

Net déi néideg Capacitéite fir en obligatoresche Militärdéngscht ze stemmen

D’lescht Woch waren alleguer d’Parteien an der Chamber sech eens, datt de Militärdéngscht fräiwëlleg bleiwe soll, an net obligatoresch soll ginn.

Mee brauch et an Zukunft net awer vläit en obligatoresche Militärdéngscht, wann d’Arméi weider esou wuesse soll?

De Claude Robinet betount, datt de fräiwëllegen Déngscht sech zënter senger Aféierung bewäert huet.

“Et ass eng Manéier fir ze garantéieren, datt mir jonk an dynamesch Leit kënne rekrutéieren déi mir u sech brauchen op deene Positiounen do.”

En obligatoresche Militärdéngscht géing “näischt bréngen”, well Lëtzebuerg guer net déi néideg Capacitéiten dofir hätt a Saachen Infrastruktur an Instrukteren.

Drone-Virfall um Findel: Muss de Kompetenzberäich vun der Arméi änneren?

Ugeschwat op d'Drone-Virfäll um Findel huet den neien Arméichef just widderholl, datt hien am Moment näischt Neies zu deem Virfall soe kéint. Dat léich awer och drun, datt et net der Arméi hiren Zoustännegkeetsberäich ass, an hien dofir net um leschte Stand vun den Informatiounen ass.

“Generell: Deen Droneproblem ass net just zu Lëtzebuerg opkomm, mee iwwerall an Europa. An dee Sujet muss seriö geholl ginn.”

Soulaang een an enger Friddenssituatioun ass, géing et och kee Grond ginn, an deem Beräich d’Kompetenze vun der Arméi ze änneren. D’Arméi wier do, fir am Ausland ze agéieren a fir national déi aner Administratiounen ze ënnerstëtzen.

An deem Kontext hieft de Claude Robinet nach emol d’Wichtegkeet vun engem internationale Bündnis ervir: Déi Lëtzebuerger Grenze géing een net un der Musel oder am Éislek verteidegen, mee un den EU-Baussegrenzen.

play_arrow Lauschteren