arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och a Vergaangenheet refuséiert: Lëtzebuerg wäert keng Nuklearwaffe stationéieren

Nuklear Ofschreckung

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Och a Vergaangenheet refuséiert: Lëtzebuerg wäert keng Nuklearwaffe stationéieren

Hei am Land wäerten an nächster Zukunft keng Nuklearwaffe stationéiert ginn. Dat huet den CSV-Premier Luc Frieden an der Chamber gesot. Een Dag nom franséische President senger Grondsazried iwwer déi nuklear Ofschreckung. 

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Frankräich diskutéiert mat aacht EU-Staaten iwwer eng Erweiderung vu sengem Atom-Schutzschierm, hat den Emmanuel Macron gesot. Dozou gehéieren nieft Däitschland och déi béid Benelux-Staaten Holland an d’Belsch. Firwat Lëtzebuerg net zu den aacht Staate gehéiert, géif eng “kloer Ursaach” ginn, huet de Premier Luc Frieden um Krautmaart erkläert. D'Belsch an Holland hätten och haut schonn Nuklearwaffen op hirem Territoire stationéiert. Lëtzebuerg hätt dat ëmmer refuséiert. 

"Well dat och verlaangt, datt de Flughafen extra ekipéiert ass, fir esou Fligere, déi ekipéiert si mat Nuklearwaffen, ze stationéieren. Do brauch een eng extra Zort Bunkeren, déi Lëtzebuerg net huet."

Dofir wier et den Ament net méiglech Nuklearwaffen zu Lëtzebuerg ze stationéieren an et wier een och net gefrot ginn. 

play_arrow Lauschteren