Bei de Protester koum et zu Gewalt: D'Police huet Tréinegas, Matraquen a Wasserwerfer géint d'Demonstranten agesat. Déi hunn hirersäits mat Steng op d'Beamte geschoss. Buttecker a Banke goufen dobäi beschiedegt.
"Flamingo-Revolutioun"
Op d'mannst 13 Mënsche goufe blesséiert, eng 40 goufe festgeholl. Och goufe fënnef Poliziste wéinst unverhältnisméisseger Gewalt suspendéiert.
D'Protester riichte sech och géint de sozialistesche Premier Edi Rama. Dee war gëschter beim Premier Luc Frieden op Besuch.
Déi aktuell Demonstratioune sinn Deel vun enger méi breeder Protestbeweegung ënner dem Numm "Flamingo-Revolutioun". Ausléiser war en ëmstriddene Immobilieprojet an engem Naturschutzgebitt, hanner deem den Donald Trump säi Schwoer Jared Kushner steet.