arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och ouni Konventioun – fir den Assuré ännert sech näischt

Ministesch präziséiert

|
reading time

2 min

Och ouni Konventioun – fir den Assuré ännert sech näischt

Fir d’Assuréë géif sech näischt ännere wann et net zu enger neier Konventioun tëschent der Dokteschvereenegung AMMD an der CNS kënnt. Dat huet d’CSV-Gesondheetsministesch de Mëtteg an der Chamber betount. An deem Fall géif ee groussherzoglecht Reglement d‘Konventioun ersetzen.

reading time

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat wier dann – wann och eng Mediatioun scheitere géif – vun November un de Fall. De Gesondheetsministère wier den Ament och schonn am Gaang un deem Reglement ze schaffen, esou nach d‘Martine Deprez.

De Règlement grand ducal regelt dann “déi obligatoresch Elementer an der Relatioun tëschent der Gesondheetskeess an den Dokteren, esou wéi se am Code de la sécurité social virgesi sinn”.

Tariffer net iwwer Konventioun gereegelt

Dobäi géif et net ëm d’Nomenklatur an och net ëm d’Tariffer fir d’Leeschtunge, déi duerch d’Lettre clé festgeluecht sinn, goen. Dat huet d’Ministesch op Nofro hi präziséiert. D’Tariffer wieren also iwwer den Code de la sécurité sociale festgesat an dat onofhängeg ob eng Konventioun besteet oder net. 

De Moien hat d’Gewerkschaftsunioun OGBL LCGB virun „dramatesche Konsequenzen“ gewarnt wann et net zu enger neier Konventioun kéim – virun allem well et esou eng Situatioun nach ni ginn hätt an nach vill Froe géifen oppe bleiwen.

D‘Gesondheetskeess an d‘Dokteschvereenegung si sech am Fong eens iwwert den Text vun der Konventioun – d‘AMMD ass awer net bereet fir se ze ënnerschreiwen, esou laang hir Fuerderunge fir d’Gesetzessännerungen net géifen erfëllt ginn. Dat huet den AMMD-President Chris Roller de Moien hei op der Antenn nach eemol betount.