arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Offiziell: De Luc Holtz gëtt Trainer beim FC Metz a wëllt sech um PSG inspiréieren

Fussball

|
reading time

1 min

Offiziell: De Luc Holtz gëtt Trainer beim FC Metz a wëllt sech um PSG inspiréieren

De Luc Holtz ass neien Trainer vum FC Metz. De fréieren Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet e Kontrakt iwwer 2 Joer ënnerschriwwen. Lescht Saison war de Luc Holtz nach Trainer an der drëtter Ligaan Däitschland beim SV Waldhof Mannheim.

reading time

1 min

© FC Metz Facebook
(Foto: FC Metz Facebook)

Nom Enn vum der Saison hu sech hir Weeër awer getrennt. Am spéide Moien ass hien elo beim FC Metz virgestallt ginn. Metz war an der leschter Saison aus der Ligue 1 ofgestigen. Bei senger Presentatioun huet de Luc Holtz erkläert, wat et a sengen Ae brauch fir direkt nees opzesteigen.

"Il faut trouver un bon équilibre entre, joueurs expérimentés et des jeunes joueurs. C'est ce que le club est en train de faire, de construire. Et quelque chose qui est très important aussi, c'est que tout le monde au sein du club, tire dans le même sens. Parce qu'aujourd'hui, on le note, un très bon exemple en France, c'est le Paris Saint-Germain, qui a gagné la Champions League deux fois de suite. Surtout parce que l'entraîneur a mis en place un collectif très soudé."

Op der Pressekonferenz gouf och annoncéiert, datt dem Luc Holtz säi Co-Trainer de Mario Mutsch wäert ginn. De Mario Mutsch war bis elo Trainer vun der U21 Nationalekipp.