Den Timothy Chalamet ass och ee vun de Gewënner. Hie gouf als beschte Schauspiller ausgezeechent fir seng Roll am Film "Marty Supreme“. Deen 30-Joer alen Timothy Chalamet ass domat um gudde Wee fir am Mäerz och säin éischten Oscar ze gewannen.
Als bescht Schauspillerin krut d‘Australierin Rose Byrne ee Golden Globe fir hir Roll am Film "If I Had Legs I'd Kick You".
Regie-Präis fir de Paul Thomas Anderson
Den amerikanesche Regisseur Paul Thomas Anderson huet de Präis fir déi bescht Regie gewonne fir säi Film "One Battle After Another“, deen och de Präis fir bescht Komedie krut. Donieft waren et d’Präisser fir dat bescht Dréibuch a fir déi bescht Niewenduerstellerin fir d’Teyana Taylor.
Als beschten Drama gouf de Film "Hamnet“ vun der chineesescher Regisseurin Chloé Zhao ausgezeechent.