Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Online-Tool mécht staatlech Bedeelegunge méi transparent

Digitaliséierung

Online-Tool mécht staatlech Bedeelegunge méi transparent

D‘Tresorerie presentéiert een neien Online-Tool, deen déi staatlech Bedeelegunge méi kloer an zougänglech fir d‘Bierger:inner maache soll. Dëst soll fir méi Transparenz suergen andeems déi staatlech Participatioune visuell duergestallt ginn.

auto_stories

1 min

Den Tool baséiert op engem Regëster a gëtt iwwer 140 Entitéiten un. Dorënner privat Entreprisen, ëffentlech Etablissementer, Stëftungen a wirtschaftlech Interessegemeinschaften.

Et handelt et sech ëm eng gemeinsam Initiativ tëschent dem Digitalisatiounsministère an dem CTIE.

Ze fannen ass den Tool op tresorerie.public.lu.