arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Online-Zeitung 'Mediapart' geheit dem Jordan Bardella anitsemittesch Äusserunge vir

Frankräich

|
reading time

1 min

Online-Zeitung 'Mediapart' geheit dem Jordan Bardella anitsemittesch Äusserunge vir

Déi investigativ franséisch Online-Zeitung huet Messagë publizéiert, déi de President vum rietsextreeme Rassemblement National 2013 soll geäussert hunn. De Jordan Bardella huet doropshin eng Plainte wéinst Diffamatioun annoncéiert.

reading time

1 min

© EPA/MOHAMMED BADRA
(Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)

De Jordan Bardella widdersprécht der Duerstellung vu Mediapart, datt hien esou Messagë soll geschéckt hunn. Mediapart wéilt mat der Publikatioun vun deene Messagen d'Campagne vun de Presidentielle vu senger Partei destabiliséieren.

Den RN läit de Sondagen no den Ament vir. 

Jordan Bardella hat deemools tëschent 17 an 18 Joer

D‘Enquête vu Mediapart stäipt sech op privat Messagen, déi de Jordan Bardella 2013 als jonke Militant soll geschriwwen hunn. An deene Message heescht et ënner anerem: "D‘Judde géifen all d‘Banke besëtzen an d‘Judde wéilten aner Vëlker ënnerdrécken".

Mediapart seet net u wien déi Messagen adresséiert waren, mee behaapt, et wier authentifizéiert ginn, datt de Jordan Bardella se geschriwwen huet.