arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

|
reading time

1 min

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

reading time

1 min

Nostalgesch a lëfteg – esou kléngt di nei Indie Rock Nummer vun de schotteschen Zwillingen déi sech „Cloth“ nennen. Indie Rock vun heiheem liwweren d‘Jungs vun Autumn Sweater, déi kierzlech hir nei Wëlzer Chalet- opgeholle Plack „Adult Life“ verëffentlecht hunn (Liest eis Albumbespriechung hei: Link). Wann dir dëse Weekend iech ënnert di waarm Decke verschanze wëllt da proposéiere mir franséischen Neo-Soul aus den Hänn vun der „Enchantée Julia“ (oui, très enchantée) oder di nei, ganz romantesch Nummer vun der englescher Singer-Songwriterin Anna B Savage. Dir wëllt éischter Musek déi aus der Panz kënnt? Da sidd der bei der neier Single vun der Sharon Van Etten gutt zervéiert.

Op d‘Oueren! 06.12.2024 

  • Cloth - Polaroid
  • Autumn Sweater – Adult Life
  • Enchantée Julia – Save Me
  • Sharon Van Etten – Southern Life (What It Must Be Like)
  • Anna B Savage - Lighthouse