Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.
Als éischt, e lässege Groove vum Homer, dee fir Amy Winehouse, Clairo an Adele getrommelt huet, hei mat der Stëmm vun enger jonker Sängerin vun Abu Dhabi. Mat akustescher Gittar a gedrëpster Perkussioun passt der Shirley Hurt hir Nei bei d’Dämone-bekämpfen am Hierschtreen, a swingt dobäi onbeschwéiert. Et geet richteg souleg zou um Eddie Chacon séngem “Empire”, wou de Beat hopst an d’Bléiser verféieren, an de pablopablo léisst et zesumme mam Helado Negro ganz duus ugoen. Flying Lotus séng nei Plack “Ingo Swann” dogéint wäert House-Frënn mat schmatzende Synths an energescher Perkussioun un d’Danze bréngen… Dat a Villes méi gëtt et dës Woch op d’Oueren.
Op d‘Oueren! 11.10.2024
- Homer – So Get Up!
- Shirley Hurt – Hell of A Life
- Eddie Chacon – Empire (feat. John Carroll Kirby
- Genevieve Stokes – Dreamer
- pablopablo, Helado Negro – Lejos De Mas
- Flying Lotus – Ingo Swann
- Obongjayar – Just My Luck