Dës Woch presentéiert sech d‘Playlist éischter gemittlech a waarm. Ugefaange mat der neier Nummer vum amerikanesche Produzent El Michels Affair, dee virun allem eng Affinitéit fir vintage Kläng a Soul Placken huet. Op "Anticipate" kritt hien Ënnerstëtzung vun der Singer-Songwriterin Clairo.
E méi klassesche Soul an R‘n‘B Gesang bitt den englesche Sänger Jack Garratt, deen op "Ready! Steady! Go!" d‘Sonn schénge léisst. Summer steet dann och am Odeal sengem "London Summers" am Mëttelpunkt. Een Track op deem seng nigerianesch Aflëss op UK Jazz treffen.
Méi akustesch an intim geet et op der experimenteller englescher Band Caroline an der Caroline Polachek hirem Lidd "Tell Me I Never Knew That" hir. An op Emotionalitéit setzt dann och déi australesch elektronesch Musek Produzentin HAAi. Hirt Lidd "Satellite" léisst op der Danzfläch e puer Tréine fléissen ...
Op d‘Oueren! 06.06.2025
El Michels Affair, Clairo – Anticipate
HAAi feat. Jon Hopkins, Obi Franky, ILĀ, Trans Voices – Satellite
Tom Misch – Red Moon
Caroline, Caroline Polachek – Tell Me I Never Knew That
Jack Garratt – Ready! Steady! Go!
Odeal – London Summers