Radioen

On air

Vue sur mer  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 20 Leit komme bei Bëschbränn a Südkorea ëm d'Liewen

5.000 Pompjeeën sinn am Asaz

Op d'mannst 20 Leit komme bei Bëschbränn a Südkorea ëm d'Liewen

A Südkorea ass d'Zuel vun den Affer vun de Bëschbränn weider geklommen: Op d'mannst 20 Mënschen hätten hiert Liewe wéinst de Bränn verluer, esou déi staatlech Noriichtenagence. Eleng zënter dem Dënschdegmëtteg wieren am Südoste vum Land 16 Leit ëm d'Liewe komm.

auto_stories

1 min

Bëschbränn a Südkorea. | ©  picture alliance / NurPhoto | Seung-il Ryu
Bëschbränn a Südkorea. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Seung-il Ryu)

Et si mat déi schlëmmst Bëschbränn jeemools a Südkorea, sot den Interimspresident. Eng 5.000 Pompjeeë si weider am Asaz. D'Autoritéite rechne mat weideren Affer. Eng extreem Dréchent huet een Ausbreede vun de Bränn favoriséiert. 

Den Experten no ass duerch d'Klimaerwiermung de Risiko vu Bëschbränn weltwäit geklommen.