Op d'mannst 7.700 Mënschen zejoert op hirer Flucht gestuerwen oder vermësst
Op d‘mannst 7.700 Mënschen sinn d‘lescht Joer bei hirer Flucht op den Haapt-Fluchtaxen gestuerwen oder si gi vermësst. Dat geet aus dem neie Rapport vun der Welt-Migratiouns-Organisatioun IOM ervir.
Dat wieren zwar bal 17 Prozent manner wéi nach dat Joer virdrun, mee d‘Zuel wier weiderhi ganz héich an dat géif weisen, dass d‘Flüchtlingskris nach ëmmer unhält. De Wee iwwer d‘Mëttelmier bleift déi geféierlechst Route fir Flüchtlingen.
D‘lescht Joer sinn do iwwer 2.100 Mënsche gestuerwen, wéi se probéiert hunn, an d‘EU eranzekommen.