arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op enger Rave-Party an der Schwäiz si Schëss gefall, 22 Joer al Fra ëm d'Liewe komm

Schwäiz

|
reading time

1 min

Op enger Rave-Party an der Schwäiz si Schëss gefall, 22 Joer al Fra ëm d'Liewe komm

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg sollen op enger Rave-Party bei Aarnau, am Norde vun der Schwäiz net wäit vun Zürech ewech, Schëss gefall sinn. Engem virleefege Bilan vun der Police no ass dobäi op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. Den Täter gëtt nach gesicht.

reading time

1 min

© EPA/MICHAEL BUHOLZER
(Foto: EPA/MICHAEL BUHOLZER)

Déi 22 Joer al Fra ass nach op der Plaz un hire Blessure verstuerwen, deelt déi Schwäizer Polizei mat.

Weider fënnef Mënschen, dräi jonk Männer an zwou jonk Fraen am Alter tëschent 24 a 27 Joer, wiere blesséiert ginn, esou d'Autoritéiten.

D'Police géif den Ament no den Täter oder nom Täter sichen. Och déi däitsch Police ass elo mat agebonnen. Wat genee geschitt ass a wat d'Motiv war, ass nach net gewosst. 

D'Leit sollen déi ganz Géigend ronderëm d'Päerdsrennbunn zu Aarnau meiden.