arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 74 Mënsche stierwe wärend Onrouen nom Doud vum Drogeboss "El Mencho"

Mexiko

|
headphones

1 min

Op d'mannst 74 Mënsche stierwe wärend Onrouen nom Doud vum Drogeboss "El Mencho"

Bei Kämpf tëschent de Sécherheetskräften an Unhänger vum Drogeboss "El Mencho", dee gëschter bei engem Militärasaz ëm d'Liewe komm ass, wieren op d'mannst 74 Persoune gestuerwen. Dorënner 25 Beamte vun der Nationalgard, esou de mexikanesche Sécherheetsminister.

headphones

1 min

An e puer Bundesstaaten a Mexiko hunn Unhänger vum Kartell Autoen a Brand gestach, Stroosse blockéiert a Banken, Tankstellen a Geschäfter ugegraff.

D‘Autoritéiten hunn d‘Leit opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen. E puer auslännesch Ambassaden hunn un hir Bierger a Mexiko appelléiert fir extreem virsiichteg ze sinn. Aus Sécherheetsgrënn hu Fluchgesellschafte Volle gestrach oder se ëmgeleet.

De Chaos am Land léisst Bedenken iwwer d‘Ofhale vun der WM a Mexiko am Juni opkommen.