De Sécherheetsresponsabele vun OpenAI, Saachi Jain, huet dem amerikanesche Wall Street Journal géintiwwer erkläert, datt den neie KI-Modell a puncto Konformitéit mat den Instruktioune manner gutt géif ofschneide wéi säi Virgänger.
De Modell géif probéieren, d'Kontrolleuren ze täuschen andeems e bewosst Informatiounen net matdeelt.
OpenAI huet d'Publikatioun vum Modell, déi am Oktober virgesi war, fir de Moment gestoppt.
KI-Modeller hu sech selbststänneg gemaach
D‘Sécherheet vu KI-Modeller gouf an de leschte Wochen a Méint a Fro gestallt no enger Serie vun Tëschefäll, wou d‘KI op eegen Initiative Cyberattacken op ënner anerem Sitte vun der australescher Regierung lancéiert huet.
Duerno gouf et weltwäit Warnungen an Appeller un d‘KI Firmen, d‘Entwécklung vun hire KI-Modeller manner séier virun ze dreiwen an zouzeloossen, datt se besser kontrolléiert ginn.