Operatiounen vun Israel a Syrie kéinten als Krichsverbriechen ugesi ginn, mengt d'UNO
Aus dem Rapport vun UNO-Enquêteure geet ervir, datt déi israeelesch Militäroperatiounen a Syrien als Krichsverbrieche betruecht kéinte ginn. Israel bombardéiert syreschen Territoire an déi israeelesch Arméi ass op syreschen Territoire agedrongen.
Op syreschem Terrain huet déi israeelesch Arméi och fix Kontrollposten installéiert.
49 Persounen, dorënner zwee Mannerjäreger, goufen am Juni vun Israel festgeholl, seet d'UNO-Enquêtekommissioun, an iwwer déi syresch Grenz op israeeleschen Territoire gesat. Esou Aktioune kéinten als Krichsverbrieche bezeechent ginn, esou d'Juriste vu Genf aus.