20 Grad, bloen Himmel a Sonn. E schéinen Dag fir dobaussen ze schaffen an Drauwen ze liesen, mengt de Wënzer René Bentz. Déi ganz Famill hëlleft mat. Virsiichteg ginn d’Drauwen alleguer per Hand kontrolléiert an ofgeschnidden. Nëmmen déi bescht Drauwe kommen an den Eemer. Hei ass dem René Bentz Qualitéit enorm wichteg. Eng schlecht Drauw géif een um sauere Geroch erkennen.
"Wann Dir dat richt, dat richt no Esseg. Sou wéi et ausgesäit war hei een Déier dran. A wann déi bannendran an d’Drauf eraginn, da maachen déi ee Schued, an da fault et, an da gëtt et Esseg. Déi schneide mir of, an déi geheie mir op de Buedem an dann huet d’Natur och eppes dovun.”
Nieft de Familljememberen hëllefe 15 Saisonsaarbechter beim Liesen, Sortéieren a Presse vun den Drauwen. Gréisser Problemer fir Personal ze fannen hätt de René Bentz net. Mëttlerweil hätt een eng gutt Ekipp u Liesleit, déi all Joer gären erëmkommen, fir an de Wéngerten ze hëllefen.
Dat wieren deels Pensionären, mee zum Deel och jonk Leit, déi sech extra Congé huele fir bei der Lies dobäi ze sinn. Si kommen aus Lëtzebuerg, mee och aus der Belsch, aus Frankräich, Polen, a souguer Rumänien.
Vum éischte bis de leschte Schrëtt: Alles Handaarbecht
Wann d’Drauwe bis gepléckt sinn, kommen si am Keller op ee sougenannte Vibratiouns-Sortéier-Dësch: Do ginn nach eemol déi schlecht Drauwen erausgeholl.
Duerno kommen d’Drauwen dann an d’Press. De Jus, deen dobäi entsteet, gëtt dann an Tanke gefëllt an iwwer Nuecht gelagert.
“Da gëtt en an déi aner Tanke gemaach, déi déi hei stinn. An da gëtt Hief dobäi gemaach an da fänkt en u mat gären. An dann no 8 oder 9 Deeg hu mir deen éischte Fiederwäissen.”
Vum éischte bis de leschte Schrëtt gëtt an dësem Familljebetrib alles selwer an hei am Haus gemaach, präziséiert de René Bentz.
Op den 11 Hektar Wéngerte ginn all Saison tëschent 80.000 an 100.000 Kilo Drauwe gelies. Zum Schluss mécht dat dann ongeféier 60.000 Fläsche Wäin.
E bessere Joergang wéi 2023
De René Bentz erwaart sech een immens gudde Joergang. Hie schwätzt vu gesonden Drauwen, déi ee richteg ulaachen. Dat wier d'lescht Joer nach anescht gewiescht.
“D’lescht Joer war de Problem, et war laang dréchen. An da seet de Stack sech: Da ginn ech elo op ee Spuermodus. An dann ass do virun der Lies 200 Liter Reen. Da seet de Stack sech: Lo ass Waasser do, lo kann ech pompen. An da ginn d’Drauwen a kuerzer Zäit esou deck, datt si opplatzen. An da kënnt Wand an da kënnt Fäulnis, an dann ass et eriwwer.”
Trotzdeem gouf et och dëst Joer eng Rei Erausfuerderungen. D'Wieder hätt gutt ugefaangen, mee dunn ass de Ree komm. A mam Ree koumen d’Pilzkrankheeten. Do misst "all Wënzer op der Hut sinn", esou de René Bentz.
"Mir hunn och dëst Joer méi dacks misse sprëtze goen, fir eben deene Pilzerkrankunge virzegräifen.”
An awer wier een dëst Joer nach gutt ewechkomm, mengt de René Bentz. Nëmmen ufanks dës Joers hätt een op engem Wéngert Problemer mat Frascht gehat.
Op d'mannst 4 Wochen dauert d'Drauwelies bei der Famill Bentz nach. De René Bentz freet sech, datt säi Fils de Betrib elo iwwerholl huet a sech méi ëm déi administrativ Saache këmmert, esou datt hie méi Zäit an de Wéngerte verbréngen a beim Liesen hëllefe kann.