search

/ Ouni Algorhythmus a mat mënschlecher Stëmm: Wat de Radio nach esou besonnesch mécht

Weltdag vum Radio

|
headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Ouni Algorhythmus a mat mënschlecher Stëmm: Wat de Radio nach esou besonnesch mécht

Aus Léift zur Musek an zum Audio am Allgemengen ass den aktuelle Programmchef vum Radio 100,7, den Yves Stephany, viru ronn 15 Joer bei de Radio schaffe komm. Wat zitt aner Leit bei de Radio? A wat mécht Radio nieft der Musek nach esou besonnesch?

headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Radio wier einfach ze bedéngen a quasi iwwerall accessibel. 

"Wat ech um Radio och wierklech einfach immens fannen, dat ass déi Schnellechkeet, wann iergendwou eppes geschitt op der Welt, mat engem Mikro kann een direkt do sinn."

Dat ass ee vun de ville Punkten, déi de Programmchef vum Radio 100,7 esou gären u Radio allgemeng huet. 

"Eng Tëlee muss fir d'éischt hir Kameraen opriichten, en Internetsite, do muss ee fir d'éischt eppes schreiwen a Fotoen dobäi maachen. De Radio, dee kann einfach ufänke mat ze senden." 

Net just den Yves Stephany lauschtert gäre Radio - och eis Nolauschterinnen an Nolauschterer hunn eis erzielt, war fir si besonnesch ass u Radio lauschteren. Zum Beispill d'Brigitte:

"Pünktlech moies um Rendez-vous kréien ech Informatioune gratis an d'Haus geliwwert." 

Fir de Joé huet Radio eng international wichteg Roll:

"Et ass fir Millioune Mënschen déi eenzeg Méiglechkeet, Noriichten aus der Friem ze kréien, well an hire Länner d'Press net fräi ass." 

Wat sinn nach weider gutt Grënn fir Radio? 

Lauschtert dee ganzen Interview mam Programmchef an d'Aussoe vun eise Nolauschterinnen an Nolauschterer hei. 

play_arrow Lauschteren