Parallel sinn dräi Zeremonien an de Bierger geplangt, dorënner an der pittoresker Dolomitte-Stad Cortina d’Ampezzo.
D’Ouvertureszeremonie vun dëser Editioun steet ënner dem Titel “Armonia”, also Harmonie. Si soll d’Stad mat de Bierger verbannen. Dowéinst sinn den Owend nieft der Haaptzeremonie zu Mailand och nach Festivitéiten zu Cortina d’Ampezzo, zu Livigno an zu Predazzo geplangt.
Logistesch Erausfuerderung
Och hei wäerten d’Athleeten an de nächste Wochen a verschiddenste Competitiounen untrieden. D’Spectateuren an d’Athleeten, déi schonns zënter e puer Deeg duerch Norditalie verdeelt sinn, sollen duerch dat neit Format alleguer och un der Zeremonie deelhuele kënnen.
Et dierf ee gespaant sinn, wéi gutt d’Organisateuren dës logistesch Erausfuerderung gemeeschtert kréien.
Zwou olympesch Flamen
Een Highlight vun der Zeremonie ass traditionell d’Ufänke vun der olympescher Flam. Och dovu gëtt et bei dëser Editioun vun de Wanterspiller net just eng, mee direkt zwou Stéck: Eng zu Mailand an eng zu Cortina d’Ampezzo.
Grad ewéi bei der Ouvertureszeremonie ass hei de Gedanken dee vun der Harmonie an der Vilfalt.
Andrea Bocelli a Mariah Carey trieden op
Fir d’Ouvertureszeremonie haut den Owend goufen och schonn Optrëtter vun enger Partie Stars ugekënnegt. Een dovun ass den italieenesche Sänger Andrea Bocelli. Dee war scho virun 20 Joer op der Schlussfeier vun den Olympesche Wanterspiller zu Turin opgetrueden.
An da soll och d’Mariah Carey am San Siro optrieden. D’US-Sängerin wäert zu Mailand e Lidd op italieenesch sangen, huet de Kreativdirekter vun der Ouvertureszeremonie am Virfeld verroden.
Mathieu Osch mam Lëtzebuerger Fändel
No der Ouvertureszeremonie vun haut den Owend ginn da muer déi éischt Medaile verdeelt an dat direkt a fënnef verschidde Sportaarten. Dorënner Schi Alpin an Äisschnelllaf.
D’Lëtzebuerger Delegatioun gëtt haut iwweregens ugefouert vum Mathieu Osch. De Schifuerer wäert bei der Ouvertureszeremonie de Lëtzebuerger Fändel droen.