arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pak-Bomm zu Monaco: Presuméiert Täterin ass dout an der Ukrain opfonnt ginn

Ukrain

|
reading time

1 min

Pak-Bomm zu Monaco: Presuméiert Täterin ass dout an der Ukrain opfonnt ginn

D‘Fra, déi hanner der Attack mat enger Pak-Bomm zu Monaco soll stiechen, wier dout an der Ukrain fonnt ginn. Dat mellt déi ukrainesch Police. Déi 39 Joer al Ukrainerin hätt Schossverletzungen um Kapp. Zwee Verdächteger wiere wéinst dem Mord festgeholl ginn.

reading time

1 min

© EPA/SEBASTIEN NOGIER
(Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

Bei de Verdächtege soll et sech ëm ee fréiere Polizist an ee momentane Mataarbechter vum Geheimdéngscht vum ukrainesche Verdeedegungsministère handelen. 

Leschte Méindeg war ee Pak an der Entrée vun engem Wunngebai zu Monaco deposéiert ginn. Grad an deem Moment, wou een ukrainesche Geschäftsmann zesumme mat senger Fra a sengem Fils heem komm sinn, koum et zu enger Explosioun.

Allen dräi goufe blesséiert.