D‘Rachida Dati an de fréiere Chef vu Renault-Nissan, de Carlos Ghosn, musse sech viru Geriicht veräntweren. Der Dati gëtt virgehäit, an hirer Zäit als Affekotin an EU-Deputéiert ouni erkennbar Géigeleeschtung 900.000 Euro vun enger Duechterfirma vun Renault-Nissan kritt ze hunn.
Lobbyaarbecht fir en Autoskonzern
Et besteet de Verdacht, datt d‘Sue mat enger Lobby-Aktivitéit fir den Autoskonzern am Europaparlament kéint zesummenhänken. De Carlos Ghosn huet Renault 2005 verlooss. Hien ass an de Libanon geflücht. Et gëllt een Haftbefeel géint hien. De Parquet fuerdert 4 Joer Prisong géint hien. Souwuel d‘Rachida Dati wéi de Carlos Ghosn weisen d‘Virwërf zeréck.