Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat: Sozialdialog heescht net, datt Gewerkschaften de Salariéen eppes virschreiwe sollen

Wéi gesäit ee gudde Sozialdialog aus?

Patronat: Sozialdialog heescht net, datt Gewerkschaften de Salariéen eppes virschreiwe sollen

Kollektivverträg an och d’Aarbechtsrecht misste Leitplanke sinn a keng Zwangsjackett, sou de President vun der Fédération des Artisans Luc Meyer. Iwwerdeems mécht sech d'Patronat ëmmer méi Suergen ëm den Absenteismus.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Neijoerschpatt | © Sté Bisenius play_arrow
Foto: Sté Bisenius

Um Neijoerschpatt vun der Chambre des Métiers an der Fédération des Artisans gëschter um Dënschdegowend, sot de Luc Meyer, datt de Message un d'Politik kloer wier: Wann ee Kollektivverträg wëll hunn, da missten dës och fir d‘Betriber attraktiv sinn an net just eng Erhéijung vun de Käschtepunkte bedeiten.

Betriibsspezifesch Léisunge sichen

E Sozialdialog wier, wa Salariéen zesumme mat hire Patrone Léisungen ausschaffen, an net wann d’Interête vun de Salariéë vu Gewerkschaften definéiert ginn. D’Gesellschaft géif sech veränneren a fir individuell Liewenspläng bräicht een och individuell Léisunge fir d’Betriber, sou de Luc Meyer.

"Dat bedeit konkret, dass mir am Aarbechtsrecht Fräiraum definéiere mussen, wou de Patron mat senger Delegatioun a sengen Employéë betriibsspezifesch Léisungen am géigesäitegen Averständnis en place setze kann. Dat bedeit och, datt e Kollektivvertrag zum Aarbechtsrecht derogéiere kann, ëmmer dann, wann déi zwou Parteien averstane sinn."

De Luc Meyerplay_arrow

Esou kéinte Win-win-Situatiounen entstoen, déi e Kollektivvertrag fir de Betrib oder e ganze Beruffsverband interessant maachen, esou de Luc Meyer.

De President Luc Meyer bedauert iwwerdeems, datt den Absenteismus an de Betriber zënter der Pandemie ëm 40 Prozent zougeholl hätt. D’Fédération des Artisans géif sech dowéinst eng Participatioun vum Salarié um Krankegeld an der selwechter Héicht wéi vun de Betriber wënschen.