Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Pet-Scanner war am Oktober sechs Deeg ausser Betrib

Santé

Pet-Scanner war am Oktober sechs Deeg ausser Betrib

D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez confirméiert, datt den eenzege PET-Scanner hei am Land ausser Betrib war. Dat tëscht dem 2. an dem 7. Oktober.

auto_stories

1 min

Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann. Doduerch hätten eng Rei Patienten hire Rendez-vous net kënne wouerhuelen. D‘Reparaturen hätte Retard kritt, well bestëmmte Stécker hu missen nobestallt ginn.

Iwwerdeems hunn eleng dëst Joer schonn 275 Rendez-vouse misste verréckelt ginn – wéinst Entretiensaarbechten um PET-Scanner.