Zënter gëschter Owend ass och eng Wasserspär en place fir d’Verknaschtung ze limitéieren. De Gilles Braquet huet präziséiert, datt den Hafen nach op d'mannst bis 8 Auer muer de Moie wäert zou bleiwen. Duerno géif ee sech mat de Responsaable vum CGDIS an der Waasserverwaltung zesummesetzen, fir eng Decisioun ze huelen.
Hafen huet Plainte géint Onbekannt gemaach
Den Ament géif ee verschidde Piste verfollege fir d’Source vun der Verknaschtung ze identifizéieren, esou de Gilles Braquet. Eng méiglech Erklärung kéint d'Schëfffaart sinn.
"Dat muss ee lo kucken, wat fir eng Schëffer ware betraff oder wat fir eng Schëffer sinn laanschtgefuer. Do gi mer an all Richtungen, och mat der Police, mat de Rettungsdéngschter, mat dem Waasserwirtschaftsamt gëtt do an all Richtunge gekuckt. Mir schléissen do näischt aus. Dat eenzegt, wat bekannt ass, datt et net vum Hafebetrib an och net vun enger Tanklux komm ass."
Et kéint ee fir den Ament och net ausschléissen, datt een déi Substanz express an d’Musel gekippt hätt, esou de Luxport Direkter Gilles Braquet.
De Mäerterer Hafen huet eng Plainte géint Onbekannt wéinst Ëmweltverschmotzung bei der Police eragereecht.
Enquête leeft
Et leeft eng Enquête iwwer d‘Ursaach vun der Verknaschtung. Déi däitsch Presseagence huet de Moie gemellt, datt et warscheinlech Diesel wier an datt en aus dem Hafe vu Mäertert an d‘Musel komm wier. Den Ament géif zwar kee Pëtrol méi an d‘Waasser lafen. Mee fir ze verhënneren, datt d‘Pëtrolsspuer sech weider ausbreet, gouf eben eng Waasserspär installéiert.
D‘Pëtrolsspuer hätt sech bis op d‘Héicht vun Uewerbëlleg ausgebreet, esou déi fräiwëlleg Pompjeeën zu Konz géintiwwer der däitscher Presseagence. D‘Botzaarbechte wieren nach ëmmer amgaangen, esou d‘Police um Méindegmoien.