arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Philharmonie-Direkter neie President vun europäescher Concertssall-Vereenegung

Kultur

|
headphones

1 min

Philharmonie-Direkter neie President vun europäescher Concertssall-Vereenegung

No 8 Joer kënnt et no engem Wiessel un der Spëtzt vun der European Concert Hall Organisation: De Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie Luxembourg, gëtt neie President.

headphones

1 min

Stephan Gehmacher | © Sébastien Grébille
Stephan Gehmacher (Foto: Sébastien Grébille)

D’European Concert Hall Organisation (ECHO) huet haut um Freideg en neie Conseil d'Administration gewielt. 

De Stephan Gehmacher iwwerhëlt de Poste vum Louwrens Langevoort no 8 Joer Amtszäit.

Als neie President wäert hien un der strategescher Ausriichtung vun der ECHO fir déi nächst Jore matschaffen.

De Stephan Gehmacher erkläert, d’ECHO wéilt déi kënschtleresch Zesummenaarbecht verdéiwe wëllt an déi nächst Generatioun u jonken Talenter mat enger Bün an engem staarken Netzwierk ënnerstëtzen. D’Organisatioun géif sech dofir asetzen, der Musek eng méi staark, kollektiv Stëmm an Europa ze ginn.

D’Philharmonie Luxembourg gehéiert zu den 23 grousse Concertssäll aus 14 Länner, déi an der ECHO vereent sinn.