arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pilotprojet ALPHA kënnt op en Enn: D'Evaluatioun fält positiv aus

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Pilotprojet ALPHA kënnt op en Enn: D'Evaluatioun fält positiv aus

D'Evaluatioune vum Pilotprojet ALPHA iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch an der Grondschoul si global gesi positiv: Dat geet aus dem 368 Säiten decken Dossier ervir, deen den Educatiounsministère am Nomëtte publizéiert huet. Eng kleng Kritik kënnt just vun der Universitéit Lëtzebuerg.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

No enger Testphas vu 4 Joer kënnt de Pilotprojet "ALPHA - zesumme wuessen" op en Enn: Déi nächst Etapp ass d'Generalisatioun vun deem Prinzip vun der Rentrée am September un.

D'Objektiv vu méi enger gerechter Schoul gëtt, Rapporte vun Acteure ronderëm d'Schoul no, erreecht.

Eng Alternativ zur däitscher Alphabetiséierung

E klengt Kand - respektiv seng Eltere fir et - kënnen an noer Zukunft wielen, ob et op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léiert.

D'Zil ass et, fir Kanner, déi éischter aus dem laténgesch-sproochege Raum kommen, eng Alternativ ze bidden zur Alphabetiséierung op Däitsch.

Et schiele sech an de verschiddenen Evaluatioune vum SCRIPT, vun der Uni Lëtzebuerg, vum Conseil scientifique, vum IFEN, vun de regionalen Direktioune vun de Pilotschoulen a vum Collège vun de regionalen Direktioune vill iwwereneestëmmend Constaten zur Alphabetiséierung op Franséisch eraus.

Et kënnt op d'Zesummeschaffen un

Esou gëtt zum Beispill festgehalen, datt Schüler, déi d'Testphas duerchlaf hunn, méi motivéiert a méi engagéiert wären.

D'Elteren hirersäits wiere méi implizéiert, well si beispillsweis bei den Hausaufgaben nees hëllefe kéinten.

E Schlësselelement fir d'Reussite vun der Reform vun der Alphabetiséierung wier iwwerdeems d'Zesummeschaffe vun de pedagogeschen Ekippen. Donieft wieren zolidd strukturell Kaderbedéngungen néideg, wéi zum Beispill Formatiounen an didaktescht Material, fir datt d'Generalisatioun vun der Reform e Succès gëtt.

Eng zaart Kritik gëtt et

All d'Acteuren hunn dann och eng global positiv Bewäertung erstallt, déi de Prinzip vum Projet net a Fro stelle géif.

Eng zaart Kritik gouf et awer vun Enseignantë géintiwwer der Universitéit, déi ënner anerem vun enger eventuell verfréitener Generalisatioun vun der Reform schreiwen, ier en Testgrupp déi ganz Grondschoul duerchlaf hätt.

 

play_arrow Lauschteren