Déi éischt Enzyklika vun engem Poopst gëtt vu villen Säiten als eppes wei eng Regierungserklärung ugesinn. De Poopst Leo huet an diverse Rieden ëmmer erëm virun de Gefore vun der kënschtlech Intelligenz gewarnt, dat ënner anerem am militäresche Beräich. Hien huet awer och d‘Ëmweltzerstéierung an deem Kontext, an déi reegelrecht Cours no de sielenen Äerden (terres rares) kritiséiert.
Terres rares wéi beispillsweis de Kobalt gëllen als Matière première fir déi modern Technologie.