Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
search

/ De Poopst bréngt de Cercle Cité zum Laachen

D'Ried vum Poopst am Cercle Cité

De Poopst bréngt de Cercle Cité zum Laachen

A senger op Lëtzebuerg zougeschniddener Ried huet de Poopst François an der Mëttesstonn am Cercle Cité d’Aarbecht vu Lëtzebuerg ënnert anerem a Punkto Migratioun ervirgehuewen. Hie huet och betount wéi wichteg Fridden, Zesummenhalt a Solidaritéit grad an dësen Zäite wieren. Eng Ausso, déi de Sall zum Laache bruecht huet, gouf et awer och nach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Am Cercle Cité, matzen am Häerz vun der Haaptstad, hate sech am spéide Moie ronn 300 Invitéen aus Kierch, Politik, Wirtschaft a Gesellschaft, versammelt. Dorënner och déi groussherzoglech Koppel. Begleet gouf d’Entrée vum Poopst vun engem klengen Ensembel aus der Philharmonie.

Poopst François: Lëtzebuerg ass e Virbild

Besonnesch d’Integratioun vu Migranten an d’Bedeitung vun enger gerechter Gesellschaft, déi op Mënscherechter a sozialer Gerechtegkeet baséiert, stoungen am Mëttelpunkt vu senger Ried. An deem Kontext huet hien d’Roll vu Lëtzebuerg als Symbol fir Fridden a Kooperatioun an Europa besonnesch ervirgestrach.

"Lëtzebuerg, mat senger spezieller Geschicht, senger besonnescher geographescher Lag, an der Tatsaach, datt bal d'Hallschent vun den Awunner aus aneren Deeler vun Europa an der Welt kënnt, ass e Beispill dofir, wéi de Wee ausgesi kann, fir Migranten a Flüchtlingen opzehuelen an z'integréieren. An Dir sidd e Virbild dofir."

"Méi Kanner"

An de Poopst François hat dunn nach en Tipp, deen de festleche Sall laache gedoen huet.

"Erlaabt mir nach eppes derbäizesetzen: Ech hunn d'Presenz vu Kanner gesinn. A jo, méi Kanner, méi Kanner: Dat ass d'Zukunft. Ech soen net méi Kanner a manner Hënn, dat soen ech an Italien, mee hei: méi Kanner."

De Premierminister Luc Frieden huet dem Poopst am Cercle fir seng Visitt Merci gesot an ënnerstrach, datt Reliounen trotz der Sekulariséierung nach ëmmer Deel vun der Gesellschaft sinn. Hie sot, d’Reliounsfräiheet wier zu Lëtzebuerg e fundamentaalt Recht, an hien huet d’Zesummenaarbecht tëscht Kierch a Staat als positiv beschriwwen.

Den CSV-Premier huet och d’Roll vu Lëtzebuerg als europäescht Land betount, dat eng wichteg Plaz am Projet vum Fridden a vun den demokratesche Wäerter géif anhuelen. 

Lauschterenplay_arrow