arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Porsche mellt massive Verloscht vu bal 1 Milliard Euro

Éischt dräi Quartaler vu 2025

|
headphones

1 min

Porsche mellt massive Verloscht vu bal 1 Milliard Euro

Den däitschen Autoskonstrukteur Porsche mellt e massive Verloscht vu bal enger Milliard Euro an den éischten dräi Quartaler vun dësem Joer. Tëschent Januar a September ass den Netto-Benefice am Joresverglach ëm bal 96 Prozent agebrach.

headphones

1 min

© Alexandr Blinov - stock.adobe.com
(Foto: Alexandr Blinov - stock.adobe.com)

Wéi Porsche matgedeelt huet, louch dat operatiivt Resultat nëmmen nach bei 40 Milliounen Euro, am Verglach zu gutt 4 Milliarden d‘Joer virdrun.

Ee Grond fir den Abroch ass déi strategesch Nei-Orientéierung vu Porsche fir Modeller mat Verbrennermotore weider a wärend eng méie laanger Zäit ze bauen. Aner Grënn si manner Porsche-Venten a China an déi amerikanesch Douanes-Taxen.

Porsche seet awer, datt den Déifpunkt dëst Joer wäert sinn, an datt een d‘nächst Joer nees mat enger Verbesserung rechent. Da soll de fréier McLaren-Chef Michael Leiters och de Porsche-Chefposte vum Oliver Blume iwwerhuelen. Dee konzentréiert sech an Zukunft ëm d‘Féierung vu VW.