Radioen

On air

Soundcheck  |  Franz Ferdinand live zu Bruges

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Premier Bayrou schléisst Erofsetze vum Pensiounsalter aus 

Frankräich

Premier Bayrou schléisst Erofsetze vum Pensiounsalter aus 

An enger Konklave beroden d’Sozialpartner a Frankräich iwwer eng Reform vun der ëmstriddener Pensiounsreform. Ënner anerem iwwer eng Upassung vum Pensiounsalter vu 64 zeréck op 62 Joer. Dat huet de Premier François Bayrou elo awer quasi ausgeschloss an domadder vill Ierger op sech gezunn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De franséiche Premier François Bayrou | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto play_arrow
De franséiche Premier François Bayrou (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Ouni Tabu sollt hei verhandelt ginn, hat de Premier François Bayrou Mëtt Januar nach annoncéiert an domadder och de Wee fir Diskussioune fir eng Erofsetzung vum Pensiounsalter op 62 Joer fräigemaach. 

Staark Reaktioune vun de Sozialpartner

Um Sonndeg huet hien awer géigeniwwer Franceinfo esou eng Upassung quasi ausgeschloss. D’Reaktioune vun de Sozialpartner hunn net laang op sech waarde gelooss. 

D’CGT sot et wier e Verrot an e skandaléist Verhale vum Premier. Force ouvrière sot d’Konklave wier just e Manöver gewiescht, fir engem Mësstrauensvote ze entgoen an huet doropshin erkläert net méi un de Verhandlungen deelzehuelen. Déi aner Gewerkschafte fuerderen elo méi genee Explikatioune vum Premier a wëllen den Owend beroden, wéi et elo soll weidergoen. 

Regierung steet hannert Bayrou 

D’Oppositiounsparteie geheien dem Bayrou fir e Ligener ze sinn, an d’Gewerkschaften ze iwwergoen. D’Regierung wéist Zesummenhalt, d’Ministesch fir d’Comptes Publics, d’Amélie de Montchalin, sot um Méindegmoien op Europe 1, datt eng Erofsetzung vum Pensiounsalter net realistesch ass. 

Och déi aktuell Educatiounsministesch a fréier Premierministesch Elisabeth Borne sot et géif virun allem dorëms goen, de Pensiounssystem nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen. 

Eenzeg de Wirtschaftsminister Eric Lombard hat dem Premier deelweis widdersprach a gesot, et wier un de Sozialpartner ze decidéieren. Déi nächst Reunioun vun der Konklav ass fir dëse Mëttwoch geplangt.

Lauschterenplay_arrow