arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pro Vëlo fuerdert Stad Lëtzebuerg op hire Mobilitéitsplang bis 2035 ze publizéieren

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Pro Vëlo fuerdert Stad Lëtzebuerg op hire Mobilitéitsplang bis 2035 ze publizéieren

D‘ASBL Pro Vëlo fuerdert d‘Stad Lëtzebuerg an engem Communiqué op, de geneeën Zäitplang vum Mobilitéitsplang 2035 ze verëffentlechen. D'Stad Lëtzebuerg hat rezent matgedeelt wëllen méi Vëlo- a Foussgängerfrëndlech ze ginn. Aacht nei "Korridoren" sollen an der Stad entstoen.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Pro Vëlo begréisst an hirem Schreiwes d‘Konzept fir d‘douce Mobilitéit, kritiséiert awer, datt bis ewell just vereenzelt Mesuren ergraff goufen an et un engem zesummenhängende Netz vun de Vëlosweeër weiderhi feelt. 

D‘ASBL fuerdert d‘Stad iwwerdeems op, esou séier wéi méiglech mat der Ëmsetzung unzefänken an net eréischt op déi nächst Legislaturperiod ze waarden. 

De Mobilitéitsschäffe aus der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt, hat Enn Oktober op enger Pressekonferenz e nei Konzept fir d’Mobilité douce presentéiert. 

D’Netz fir Foussgänger wier scho relativ gutt - bei de Vëlosweeër wier zwar scho vill geschitt, mee et géif awer nach Handlungsbedarf ginn. Fir d'éischte soll e Projet um Boulevard Roosevelt realiséiert ginn. D’Aarbechten sollen am Januar ufänken.