D’Iddi an der Stad erëm eng oppe Piscine ze kréien, geeschtert schonn zënter 2015 am Gemengerot ronderëm. De Standuert steet fest: Op der Kockelscheier, net wäit vum Camping, dem Minigolf an dem CK Sportcenter soll se hikommen.
Wichteg Etapp fir d'Schwämm op der Kockelscheier
Bis viru Kuerzem huet der Gemeng awer nach ee wichtegt Grondstéck an der Mëtt vum Site gefeelt, fir kënnen Neel mat Käpp ze maachen. Elo wier ee sech mam Bauer, deem den Terrain gehéiert huet, eens ginn, esou d’Simone Beissel.
“Dir wësst, fir eng oppe Piscine brauch een e grousst Areal, well ronderëm déi Piscine musse jo och Liegeplätze sinn. Et muss e groussen Accès sinn, et muss à la limite Plaz si fir eng Buvette an esou weider. An do hu mir da wierklech eng Serie vun Terraine gebraucht. Dat huet eng Zäit gedauert a glécklecherweis hu mir elo virun e puer Méint dank dem groussen Asaz vun eisem Schäffe Patrick Goldschmidt, deen zoustänneg ass fir d’Bienen, déi ganz Terrainen zesummekritt, déi mir brauchen, fir datt mir kënne lassleeën.”
50-Meter-Bassin a Waasserpark geplangt
Nieft engem 50-Meter-Bassin an enger Buvette wënscht sech d’Simone Beissel och e Waasserpark fir Kanner.
Wat den Accès ugeet, esou wäert de Site un den Tram ugebonne ginn an et ass och e Parking geplangt. Duerch d’Acquisitioun vun all den Terraine wier elo eng wichteg Hürd geholl. Dat hätt elo eng gewëssen Zäit gedauert, esou d'Simone Beissel.
"Ech mengen iwwer zwee Joer, a glécklecherweis hu mer elo vun e puer Méint, Dank och dem groussen Asaz vun eisem Schäffe Patrick Goldschmidt, deen zoustänneg ass fir d'Bien’en, hu mer elo déi ganz Terrainen zesumme kritt, déi mer brauchen, fir datt mer kënne lasslafen.
Da missten nach eng Parti Saache gekläert ginn.
"Do gëtt de Project Manager genannt, mir wëssen de Programm, wat mer wëlle maachen, ob mer ons eng Piscine, vläicht och nach Aquasplash doniewent, an dee berechent dat dann, an dann hoffe mer, datt mer an absehbarer Zäit en uerdentleche Projet kréien, datt mer kënne lassfueren."
E laangjäregen Dram fir Schäffin a Buergermeeschtesch
Wéi d’Simone Beissel erzielt, géifen si an d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer sech schonn zënter dem zweete Schouljoer Ufank de 60er Jore kennen a wiere fréier zesummen an der oppener Piscine op der Cloche d’Or an där beim Hotel zu Dummeldeng geschwommen. Deemno géif ee schonn zënter enger Zäit dovun dreemen an der Stad erëm eng oppe Schwämm opzemaachen.
“Déi Iddi, déi leeft scho laang an ech hunn ëmmer gesot, ech ginn net a meng politesch Pensioun, wann ech dee Projet net op d'mannst op der Schinn hunn.“
An engem nächste Schrëtt misst een elo e Büro fir de Project Management bestëmmen an déi genee Pläng ausschaffen. E geneeën Zäitplang, wéini d’Piscine kéint opgoen, läit à ce stade nach net vir.