"Do, wou et keng Hoffnung gëtt, musse mir se erfannen": Un dëse Saz vum Albert Camus muss ech denken, wann ech dëser Deeg Norichten aus dem Iran héieren iwwer Massaker un der eegener Bevëlkerung, déi op d’Strooss geet aus “ras-le-bol” mam Regimm vun de Mollah.
Net déi éischt Protester
Och wann et schwéier ass prezis Informatiounen aus engem Land ze kréien, wou den Internet gespaart an onofhängeg Journaliste keen Zougang hunn, muss een dovun ausgoen, datt méi wéi 3.000 Leit Affer goufe vun der brutaler Repressioun, an déi reell Zuele wuel nach däitlech driwwer leien.
Fir déi drëtte Kéier an 20 Joer si grouss Deeler vum iranesche Vollek opgestanen an hunn op der Strooss fir Fräiheet a Gerechtegkeet manifestéiert.
Erënnerungen un d'Mahsa Amini
2009, no der ëmstriddener Wal vum net manner ëmstriddene President Mahmud Ahmadineschad, goufe Manifestatioune bluddeg niddergeschloen an Dausende Leit inhaftéiert a gefoltert.
2022 gouf eng jonk Fra, Mahsa Amini, wéinst engem ze labbere Kappduch festgeholl an ëmbruecht. Op en Neits goufen Demonstratiounen, déi ënner dem Slogan “Fra – Liewen – Fräiheet” en Enn vun der Ënnerdréckung vun de Frae gefuerdert hunn, brutal ënnerdréckt mat Honnerten Affer an Dausenden Inhaftéierungen.
Mat Respekt eleng ass der iranescher Bevëlkerung wéineg gehollef
Trotz all dësem Terror an der Hoffnungslosegkeet, déi e mat sech bréngt, goufen et an de leschte Wochen déi gréissten Demonstratiounen am ganze Land zënter der Revolutioun vun 1979, déi d’Diktatur vun de Mollahe mat sech bruecht hat.
Dëse Courage, seng Hoffnung op eng besser Zukunft net ze verléieren, an dofir en immense Risiko anzegoen, kann net héich genuch respektéiert ginn.
Mee mat eisem Respekt eleng ass dem iranesche Vollek net gehollef. Wou mir kënnen, musse mir hir Stëmm weider droen, op hiert Schicksal opmierksam maachen an dat och nach dann, wann déi medial Opmierksamkeet weider gezunn ass bei aner Krisen op der Welt.
An d'Poubelle vun der Geschicht
Och déi iranesch Diaspora hei am Land verdéngt eis Solidaritéit. Si, déi dacks selwer viru Verfollgung den Iran hu misse verloossen, an elo a grousser Suerg sinn ëm hir Famill a Frënn.
Den Tyrann Khomeini a säi Regimm kënne sech just nach mat brutaalster Gewalt géint déi eege Bevëlkerung un der Muecht halen. Mee all Bluttvergéissen an all Brutalitéit wäerten net verhënneren, datt den Dag kënnt, wou si an der Poubelle vun der Geschicht landen an d’Hoffnungen op Fräiheet a Gerechtegkeet am Iran endlech kënnen ëmgesat ginn.
Mir an Europa, op eiser demokratescher Insel, déi vun Autokrate vu bannen a vu baussen attackéiert gëtt, mussen eis awer och esou lues froen, ob mir - wann et dann esou wäit ass - de selwechte Courage wäerten hu wéi d’Leit aus dem Iran fir eis Fräiheet an Demokratie ze verteidegen.