Déi véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. An der Suite dovu goufe si suspendéiert.
D’Affer, e gouerege Mann vu 46 Joer, huet gëschter erkläert, hie wier deemools, um Owend vum Nuetsmarathon an der Stad, wéinst näischt op de Policebüro Gare matgeholl ginn. Do wier hie virop vun engem zweeten Ugekloten, de Joé K., an de Réck gerannt an du vum Haaptbeschëllegten, den Tom D., geschloe ginn. Zwou Wochen hätt hien duerno Péng gehat.
Gouf et eng Virgeschicht?
Zwee Méint virdru war et zu engem Tëschefall an engem Garer Café komm. Am Géigesaz zu deem, wat d’Polizisten duerno soten, hätt hie kee menacéiert, mee wier villméi selwer bedreet ginn, esou de Mann.
Den Tom D., 36 Joer, huet dogéint betount, datt hien am Mäerz vum Affer menacéiert gi wier. Am Mee hätt hien dem Mann eng mam Handballe ginn, net mat der Fauscht. Den Ex-Polizist sot, keng Rechnung mam Affer opstoe gehat a just reagéiert ze hunn, wéi deen an der Zell den Aarm beweegt hätt.
Fir en Enquêteur vun der Policegeneralinspektioun IGP gouf am Juni mat der Affär befaasst, wéi sech een net-ugeklote Polizist vum Kommissariat wéinst engem Fall vu Policegewalt gemellt hätt.
Weider Affären um Stater Kommissariat
Deen hätt matkritt, wéi d’Affer vum Tom D. geschloe gouf. Dat hätt zwou bis dräi Minutte gedauert. D’Affer, dat am Ufank net wollt aussoen, hätt déi véier Ugekloten op Fotoen identifizéiert, virun allem de Joé K. an den Tom D., dee bei der Dot Händschen unhat.
Um Garer Kommissariat wier et nach zu aneren Affäre komm, esou hätt de Joé K. beispillsweis Marihuana verkaf.
D’Policegewalt wier vum Tom D. ausgaangen, op engem Kommissariat, an deem sech d’Polizisten am Stach gelooss gefillt hätten.
Enger Geriichtsmedezinnerin no wieren d’Blessure vum Affer op "mehrfache stumpfe Gewalt" zeréckzeféieren, déi op Fauschtschléi deite géif.
D’Duechter vum Affer huet ausgesot, hire Papp hätt nom Tëschefall fir déi éischte Kéier iwwerhaapt Angscht gehat. Hien hätt nämlech geduecht, et géif him net gegleeft ginn.