arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radio-Masten zu Beidler ginn haut gesprengt - Appell fir net de Verkéier ze hënneren

Gemeng Jonglënster

|
reading time

2 min

Radio-Masten zu Beidler ginn haut gesprengt - Appell fir net de Verkéier ze hënneren

Déi dräi Radio-Maste vun RTL / BCE zu Beidler an der Gemeng Jonglënster ginn de Mëtteg ofgebaut. Dat mat enger spezieller Sprengung vun enger Firma aus Däitschland. Wéi RTL.lu schreift, géifen net d‘Maste selwer gesprengt ginn, mee just déi metalle Kabelen, mat deene se um Buedem ugemaach sinn. 

reading time

2 min

D'Sendemasten zu Beidler | © Ioni / Wikimedia Commons / CC BY-SA 3.0 LU (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0/lu/deed.en)
D'Sendemasten zu Beidler (Foto: Ioni / Wikimedia Commons / CC BY-SA 3.0 LU (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0/lu/deed.en))

D‘Operatioun ass fir 15:00 Auer de Mëtteg geplangt. 

Déi 290 Meter héich Maste waren 1972 opgeriicht gi fir de franséischsproochegen RTL Radio iwwer Laangwell a Frankräich ze diffuséieren. De Laangwellesender gouf ugangs 2023 ofgeschalt.

Appell un d'Leit net de Verkéier ze hënneren

Ronn eng Stonn virun der Sprengung gëtt ee Sécherheetsperimeter an engem Ëmkrees vu knapp 900 Meter ageriicht. Verschidde Stroosse wieren da gespaart, erkläert de Buergermeeschter. Fir d'Leit, déi d'Aktioun wëlle kucken, si Plaze virgesinn. 

"Dat ass elo keng Invitatioun, well mir net vill Plaz hunn zu Beidler, wou mir kënne Leit hi stellen. Mee ech mengen déi Leit, déi hei aus der Gemeng sinn, déi kennen déi bescht Plazen, déi fannen déi och."

Bis op de Sécherheetsperimeter wier alles accessibel. 

"Ech ka just den Appell maachen, datt d'Leit net sollen op der Haaptstross stoe bleiwen an de Verkéier hënneren. Dat ass effektiv eppes, wat eng Suerg ass."

Wäerte wuel net déi lescht Maste sinn, déi gesprengt ginn

Nieft de Masten zu Beidler sollen och déi dräi Radio-Masten zu Jonglënster an den nächste Méint verschwannen. E geneeën Datum dofir gëtt et awer nach net. 

Lauschtert hei den Interview mam Lënster Buergermeeschter Ben Ries iwwer d'Sprengung vun de Masten