Gëschter huet den neie Premier Luc Frieden just e puer Eckpunkte presentéiert. De Koalitiounsaccord gouf ënnerschriwwen an déi Ministeren, deenen hir Aarbecht elo eriwwer ass, goufen an där Funktioun nach eng Kéier beim Grand-Duc an déi sougenannten "Audience de Congé" am Palais empfaangen
Virun allem gouf vun der neier Oppositioun, ënner anerem der Paulette Lenert, der Gesondheetsministesch vu bis elo déi wéi vill anere bedauert huet, datt et nach keen Text gëtt.
Den ADR Deputéierte Fernand Kartheiser gesäit fir d‘éischt emol e positive Punkt, nämlech d‘Zesummeleeë vu Santé a sécurité sociale, vun affaires étrangéres a Baussenhandel souwéi vun Energie a Wirtschaft. De Fernand Kartheiser huet awer déi vill nei Kompetenze fir de Claude Meisch kritiséiert – och de grénge François Bausch sot sech skeptesch dozou. Deen ass fir de Rescht awer frou, , datt seng Ministèrë vu bis elo, Defense an ëffentlech Aarbecht, net getrennt wieren.