Radioen

On air

Concert  |  De Rising Star Sào Soulez Larivière

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis

Sport

Réckbléck op déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis

Aus sportlecher Siicht hunn dëst Joer d'Olympesch Spiller zu Paräis dominéiert. Woubäi dee gréissten Exploit mat der Bronzemedail fir den Tom Habscheid awer bei de Paralympesche Spiller, och an der franséischer Haaptstad, ze notéiere war. Wat ass nach alles vun deenen zwee grousse Sportsevenementer aus engem Lëtzebuerger Bléckwénkel zeréckzebehalen?

auto_stories

3 min

Olympesch Spiller Ofschlossfeier | © picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl
Foto: picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl

U sech huet Olympia am Grand-Duché ronn ee Mount virum Ufank vun den Olympesche Spiller zu Paräis ugefaangen: De 27. Juni war déi Olympesch Flam nämlech fir eng hallef Stonn zu Schengen. D'Ex-Tennisspillerin Anne Kremer hat déi Flam vun der Muselbréck bis bei den europäesche Musée am Duerfkär bruecht. Eng Olympesch Flam, déi baussent Frankräich just an Däitschland an zu Lëtzebuerg op Besuch war. Et waren och vill Leit op Schengen komm, fir bei deem historesche Moment dobäi ze sinn.

Eng Rei sportlech Highlighten

De 26. Juli du war d'Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller, fir d'éischt iwwerhaapt net an engem Stadion, mee op der Seine. D'Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian an de Liichtathleet Bob Bertemes hunn dobäi de Lëtzebuerger Fändel gedroen. Am Ganze waren 13 Sportler:innen aus dem Grand-Duché bei Olympia dobäi.

D'Patrizia van der Weken huet fir den Highlight vun den Olympesche Spiller aus Lëtzebuerger Siicht gesuergt. D'Sprinterin koum ëmmerhi bis an d'Halleffinallen iwwer d'100-Meter, wou hir och nëmme 6/100el gefeelt hu fir an d'Finall. Um Enn huet si sech als 15. klasséiert.

Donieft koum ënner anerem d'Christine Majerus bei hire leschten Olympesche Spiller an der Stroossecourse am Cyclissem op déi 17. Plaz an den Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger op déi 24. Plaz.

Ervirzehiewen ass donieft, datt d'Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian mat hiren 61 Joer nach emol ënner déi 32 Bescht am Simple bei Olympia koum.

Potenzial no uewen

Enttäuschend waren déi Olympesch Spiller dogéint fir d'Triathleetin Jeanne Lehair, déi um Vëlo huet missen opginn. Dobäi war hir eng Top-Placéierung bei Olympia zougetraut ginn. 6 Deeg viru Schluss vun de Spiller hat den COSL-Chef de mission Raymond Conzemius am 100,7-Interview vun engem Tëschebilan geschwat, deen "eigentlech ganz gutt” wier, mee:

“Op där anerer Säit wësse mir awer och, dass et nach Entwécklungsméiglechkeete gëtt a Potenzial gëtt.”

Wat de Sportler bei Olympia net vergonnt war, huet e Lëtzebuerger Arbitter fäerdegbruecht: Am Dëschtennis koum de Pol Pierret nämlech an der Finall vun der Hären-Ekippekompetitioun an den Asaz. Ouni Uspanung goung hien an dee Goldmedailematch.

"Einfach nëmme puer Freed. Ech wëll et nëmme genéissen an dat Bescht maachen.”

Bei der Ofschlosszeremonie zu Paräis huet d'Patrizia van der Weken dunn de Lëtzebuerger Fändel gedroen.

Affär de Nutte

An der Suite vun den Olympesche Spiller koum et zur Polemik ronderëm d'Dëschtennisspillerin Sarah de Nutte. Si hat sech jo zu Paräis doriwwer beschwéiert, datt hiren Trainer do net huet dierfen un hirer Säit sinn. Doropshin huet hir Federatioun hir am November een ëffentleche Blâme ausgeschwat. E Feuilleton, deen eis laang beschäftegt huet.

Mee zu Paräis goung et no den Olympesche Spiller viru mat deene Paralympeschen, an déi hunn eng Medail fir Lëtzebuerg an den Tom Habscheid bruecht.

Eng Medail fir Lëtzebuerg

Et war dem Para-Athleet am Virfeld vu sengem Concours zougetraut ginn, eng Medail ze gewannen, aus zwee Grënn: Engersäits war den Tom Habscheid mat sengem perséinleche Rekord vu 15,10 Meter am Bommstoussen, dem Weltrekord an der Klass F63, nämlech deen Drëttbeschte vun den am Ganzen 10 Konkurrenten, déi matgemaach hunn.

Anerersäits war hien de Resultater vun der Saison no virun de Spiller mat 14,36 Meter de Véiertbeschten. Datt et de 7. September mat 14,97 Meter awer effektiv och duergoung fir Bronze, léisst dem 38 Joer ale Para-Athleet seng Leeschtung nach méi erausstiechen. Zu Recht gouf den Tom Habscheid dann och Ufank Dezember als éischte Para-Athleet Sportler vum Joer, zesumme mat der Patrizia van der Weken.