Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendum an der Gemeng Bettenduerf

Méiglech Nordstad-Fusioun

Referendum an der Gemeng Bettenduerf

“Wëllt Dir, dass de Gemengerot d’Sondéierungsgespréicher ofschléisst, fir dass d’Bettenduerfer 2027 informéiert an engem Referendum iwwer eng méiglech Fusioun mat Dikrech, Ierpeldeng un der Sauer, Ettelbréck a Schieren ofstëmme kënnen?”: Ëm dës - e bësse komplizéiert Fro - geet et haut um Sonndeg bei engem Referendum an der Gemeng Bettenduerf.

auto_stories

1 min

Et ass den nächste Schrëtt an engem Feuilleton, deen am September mat engem éischten, geheime Vott vum Gemengerot ugefaangen hat. Deen hat majoritär decidéiert, net méi um Fusiounsprozess deelzehuelen. Déi Ofstëmmung hätt awer net däerfe geheim sinn, soudatt se vum Inneministère annuléiert gouf an am Oktober hat misse widderholl ginn.

Et blouf beim selwechte Resultat, mee nodeems eng Biergerinitiativ bal 600 Ënnerschrëften zesumme krut fir e Referendum, ass deen haut. Mam Resultater gëtt géint 16 Auer de Mëtte gerechent.