arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staat wäert Stroumpräis och déi dräi nächst Jore subventionéieren

Regierungsrot

|
headphones

2 min

Staat wäert Stroumpräis och déi dräi nächst Jore subventionéieren

D’CSV-DP-Regierung huet de Gesetzesprojet ugeholl, mat deem de Staat vum neie Joer u soll Stroumnetzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro iwwerhuelen. Doduerch kéint de Stroum den 1. Januar liicht méi bëlleg ginn, obwuel déi aktuell Stroumpräissubventionéierung dann ausleeft.
 

headphones

2 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Déi staatlech Bedeelegung un de Stroumnetzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro pro Joer (wärend dräi Joer) ass fir de Premier Luc Frieden eng “wichteg sozial Moossnam”, mat engem Impakt op d’Energierechnunge vun de Leit: 

“D’Präisser ginn duerch dës Moossnam stabiliséiert a ginn héchstwarscheinlech esouguer liicht erof, obwuel datt den Energiepräisdeckel d’nächst Joer net méi existéiert.”

Dës Entscheedung wier och wichteg fir d’Iwwerliewe vun den Entreprisen, esou de Premier. De Gesetzesprojet geet elo op den Instanzewee a muss nach vun der Chamber ugeholl gi fir kënnen op den 1. Januar 2026 a Kraaft ze trieden. 

100 Millioune fir zweete LuxGov-Satellit

Am leschte Regierungsrot virun der Summerpaus gouf donieft de Finanzéierungsprojet fir de Kaf vun engem zweete LuxGov-Satellit gutt geheescht. De Kommunikatiounssatellit vum Provider GovSat soll vun 2029 oder 2030 u funktionéieren.

“De Lëtzebuerger Staat ass bereet an där noutwenneger Augmentation de capital (...) 100 Milliounen op den Dësch ze leeën.”

Dës Zomm wier Deel vum Lëtzebuerger Defense-Effort. D’Defense gouf autoriséiert, fir Capacitéiten um neie Satellit ze kafen.

Fir an enger éischter Phas 17 Entreprisen aus dem Weltallberäich soll op der Kockelscheier ee “Space Campus” entstoen. De Staat stellt déi néideg Infrastrukturen dofir zur Verfügung.

“A mir hoffen a mir erwaarden eis, datt dat spéider bis zu 30-35 Firme wäerte ginn.”

Sozialronn: Virschléi ginn iwwer de Summer virbereet

Wat d’Gespréicher mat de Sozialpartner ugeet, hofft de Premier am Laf vum September zu engem Resultat ze kommen, also zu gemeinsame Positioune bei alle Sujeten. 

“Ech wäert alles maachen, zesumme mat de Kolleegen an der Regierung, fir dat Resultat ze erreechen.”

Am Summer solle weider Berechnunge gemaach ginn, virun der nächster Sëtzung a knapp sechs Wochen, den 3. September. D’Virschléi vu bis elo wieren awer nach net schrëftlech formuléiert an un d’Sozialpartner geschéckt ginn, esou de Luc Frieden.