arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch Regierung: Merz annoncéiert éischt Personalännerungen

Däitschland

|
reading time

1 min

Däitsch Regierung: Merz annoncéiert éischt Personalännerungen

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet en Ëmbau vu senger Regierung annoncéiert. Déi vu bis elo Gesondheetsministesch Nina Warken gëtt nei Cheffin vum Bundeskanzleramt. Den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann iwwerhëlt de Gesondheetsministère.

reading time

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Onkloer bleift d'Zukunft vum Verkéiersminister Patrick Schnieder. Hie muss säi Poste verloossen. Wien hien ersetzt, ass nach net bekannt.

Weider Personalännerunge sollen nokommen

De Friedrich Merz huet ugekënnegt, datt an den nächsten Deeg nach weider Personalännerunge follge wäerten.

Den Ëmbau vun der Regierung an der CDU-Parteileedung kënnt nom Wiessel un der Spëtzt vun der CDU/CSU-Bundestagsfraktioun

Wiessel no Récktrëtt vum Jens Spahn

Den deemolege Fraktiounschef Jens Spahn war an der Affär ëm d'Leihmutterschaft zeréckgetrueden

Hie gëtt vum bis ewell Chef vum Bundeskanzleramt, Thorsten Frei, ersat.